Volvo Cars lancéiert eng nei Initiativ, bei där Clienten, déi en neie voll-elektreschen Auto kafen oder lounen, ee Joer laang gratis kënnen doheem lueden.

Dës Offer gëllt vu Februar 2026 un a soll den Ëmstig op d'Elektromobilitéit méi attraktiv maachen. Zesumme mam Energieprovider Vattenfall gëtt fossilfräie Stroum geliwwert, wat bis zu 25.000 km gratis Fueren entsprieche kann.

D’Clientë mussen e Stroum-Kontrakt mat Vattenfall hunn an iwwer d’smart charging Funktioun an der Volvo App oplueden. Dës Technologie optiméiert d’Opluedzäiten sou dass manner Käschten a manner CO₂-Emissiounen ufalen. D’Stroumkäschte ginn automatesch via Vattenfall ofgerechent.

D’Initiativ ass fir d’éischt op Schweden limitéiert, mee Volvo plangt eng international Ausbreedung, mat engem Fokus op Partnerschafte mat nohaltegen Energiefournisseur an Europa an doriwwer eraus. An Zukunft, wa bidirektionaalt Luede méiglech ass (z. B. mam EX90 ab 2026), sollen d’Clienten hir Autoen och als Stroumspäicher fir d’Haus kënnen notzen.

D’Zil vu Volvo a Vattenfall ass et, den Iwwergank op d'Elektromobilitéit ze beschleunegen an nei Clientë mat enger attraktiver Offer z’iwwerzeegen. Volvo huet scho fënnef voll-elektresch Modeller um Marché, an am Januar kënnt ee weideren dobäi.