120.000 Euro d'Stéck
Radare bréngen dem Staat vill Suen, mee kaschten och

© Tom Zeimet / RTL
120.000 Euro kascht d'Installatioun vun engem fixe Radar, där et aktuell op 31 Plaze laanscht d'Stroossen a bei roude Luuchten ginn.
All d'Radaren hunn de Staat zejoert iwwer 600.000 Euro un Entretien an Telecomm-Aboe kascht.
E Streckeradar schléit méi an d'Suen a kascht eng hallef Millioun. Fir de Radar tëscht Gonnereng an dem Waldhaff koumen nach 200.000 Euro fir d'Installatioun dobäi.
Dës Zuele gëtt een an der Äntwert vun der Ministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler gewuer.
Am meeschte gelies