Um Konzept ännert näischt, de Stroum fléisst weider, mä de Proprietär ännert.

Zanter dem 1. Oktober ass de Concessionnaire vun de knapp 700 Chargy-Bornen net méi Creos, mä déi nei Gesellschaft charge@lux, déi hirersäits dräi Partner zielt. Dëst si Socom, Cube 4T8 vum Grupp Losch an Electris. Geleet gëtt déi nei Entitéit vum Marie-Anne Georgel.

Dës 3 Firmen hu sech zesummegedoen, fir d'elektresch Oplued-Statiounen am Land fir déi nächst siwe Joer ze geréieren. Nieft de Chargy-Bornë ginn et jo zanter véier Joer d'SuperChargy-Statiounen, där 84 aktuell op Park&Ride-Parkingen an op Autobunnstankstatioune gezielt ginn.

De Reseau vun den Oplued-Statioune gëtt dann och weider ausgebaut: 710 Chargy an 90 SuperChargy-Plaze sollen et ginn.

Déi nei Gesellschaft huet hire Sëtz zu Gaasperech.