Aktuell leie keng Informatiounen zu weidere rezenten Accidenter op där Streck vir, an et gëtt och keng Etüd fir d'Installéiere vun engem Radar.

Dat äntwert d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum André Bauler vun der DP. Gemengt ass d’Streck tëscht Viichten a Biissen, also den CR306.

En Aarbechtsgrupp géif de Verlaf vun Accidenter op där Streck awer suivéieren, fir eventuell infrastrukturell Ursaachen ze identifizéieren. Doropshi wieren an de leschte Jore schonn technesch Mesurë geholl ginn, schreift d’Ministesch.

Ënnert anerem eng besser Beschëlderung a Signalisatioun, e méi klore Marquage, oder eng Auslafzon hannert der Rietskéier a Richtung Biissen.

Ausserdeem wier de Leitplankeschutz fir Motorrieder am Hierscht d’lescht Joer verbessert ginn.