D'Strategie dofir gouf en Donneschdeg de Mëtteg vum Mobilitéits- an dem Wirtschaftsministère presentéiert.

Autonoomt Fueren 2028 / Reportage: Diana Hoffmann

Net méi selwer mussen ze fueren, dat wier keng Zukunftsmusek, mee haut scho Realitéit, sot d’Mobilitéitsministesch Yuriko Backes en Donneschdeg op enger Pressekonferenz. Den Ament schafft een a verschiddene Ministèren zesummen um legale Kader, fir fënnef verschiddene Cas d'usagen, wou autonoomt Fuere soll an net all ze wäiter Zukunft an den Asaz kommen. Dëst wier de Fall bei Robo-Taxien, Navette fir kuerz Strecken an definéierten Zonen, op der Autobunn an a Logistikzenteren.
 
Haut schonn existéieren autonom Gefierer. Ma dobäi handelt et sech ëm en experimentellen Asaz, woufir punktuell Autorisatioune gi ginn. Et hätt een awer scho mat Pilotprojete vill positiv Experienze gemaach, huet d'Yuriko Backes ënnerstrach. Bei allen Tester, déi een iwwert déi lescht Joren a Méint gemaach hätt, hätt et keen Accident ginn.

D'Ministesch huet betount, dass fir d’Ëmsetzung vum autonome Fueren awer bestëmmte Punkte musse berécksiichtegt ginn. Dat concernéiert d’Sécherheet, mee och d’Cybersécherheet, den Dateschutz, d'Fro vun der Verantwortung an den Assurancen. Wichteg wier, dass et eng progressiv Integratioun vum autonome Fuere géing ginn.

Nach keng allgemeng EU-Reglementatioun

Bis haut gëtt et an dësem Sënn just EU-Reegelungen op techneschem Niveau, wat Normen oder d'Homologatioun ugeet. Well Lëtzebuerg awer op EU-Niveau matschwätzt, wier et wichteg, dass een Erfarungswäerter kritt, huet de Wirtschaftsminister Lex Delles ënnerstrach. Ma et géing een op e bessere reglementaire Kader op EU-Basis hoffen. 
Am Mobilitéitssecteur wier Lëtzebuerg schonn zanter Joerzéngten engagéiert. Dofir wéilt een d’Betriber, déi een huet, behalen an op där aner Säit nei Betriber unzéien, fir den Ekosystem ze stäerken. Et wéilt een an der Lokomotiv sëtze bei der Entwécklung vum autonome Fueren an Europa, huet de Lex Delles erkläert. An Europa an an Asien wier dëst elo schonn eng Realitéit.

Bis 2027 hofft d'Yuriko Backes, dass hei am Land den entspriechende Gesetzestext steet. Nach dëse Wanter soll de Projet de loi dem Regierungsrot presentéiert ginn.

Verschidden Niveaue vum autonome Fueren

Dat autonoomt fuere gëtt op fënnef Niveaue gemooss. Den Ament ass een hei am Land op Niveau eent an zwee bei senge Pilotprojeten. Nom Gesetzesprojet géing een op Niveau dräi a véier kommen. Dëst bedeit, dass nach e Mënsch muss am Auto sinn. Bei Level fënnef ass kee Mënsch méi dran, dee kann iwwert e Steierrad Afloss huelen. Dëst soll am Gesetzestext just fir wëssenschaftlech Zwecker envisagéiert ginn. D'Strategie, déi en Donneschdeg presentéiert gouf, geet bis 2028.