Ënner anerem nei Tariffer
Adaptatioune bei den CFL
© RTL Archivbild
An Zukunft gëtt et just nach ee Joresabonnement fir an der éischter Klass mam Zuch ze fueren.
Bis ewell gouf nach den Ënnerscheed gemaach tëscht kuerzen a laange Strecken. De Präis fir dat neit Abonnement läit, mat 500 Euro, dann och tëscht deenen zwee vu bis elo.
Vum 1. Dezember u kann ee säin Abonnement dann och just nach iwwer d'CFL-App kafen an net méi am Guichet.
Fir déi regional Busser muss ee vu Januar un dann och säin Ticket an engem Automat op der respektiver Gare kafen an net méi wéi bis ewell och am Bus selwer.
Am meeschte gelies