Duerch Tracker kënnen Onéierlecher neierdéngs Autoe bis op d'Parkplaz verfollegen – an dann och do klauen, wéi d'Police warnt.

Ronn 4.000 Abréch an Autoe gouf et zejoert, dovu goufen der bal 600 geklaut. An de leschte Joren ass dëse Chiffer ëmmer erëm an d'Luucht gaangen. Eng nei Aart vu Kriminalitéit ass de sougenannten Tracking, wou eng Persoun den Auto lokaliséiert, fir dann anzebriechen, soubal e geparkt ass.

E klengen Apparat, séier ënnert dem Auto ugemaach, a scho gëtt den Auto getrackt, also lokaliséiert. Mat engem Tracker ka ganz präzis de Standuert vum Auto suivéiert ginn, wéini a wou en ënnerwee ass, a wou e geparkt ass.

An der Gemeng Pëtschent gouf an engem Auto esou en Tracker fonnt. Den Ament leeft d'Enquête nach – genee Chifferen, wéi vill Autoen dovu betraff sinn, sinn deemno nach net gewosst.

Et wieren haaptsächlech organiséiert Banden, déi Trackere géifen un Autoen installéieren. E méi neit Phänomen, dat verschidde Grënn kéint hunn, esou de Marc Ragnacci, Commissaire en chef, Chef du Service National de Prévention de la Criminalité. Beispiller wiere Scheedungsgrënn, e Stalker, oder Bezéiungsprobleemer.

Et wier eng Saach, en Tracker um Auto ze hunn, den Auto ze klauen, wier eng zweet Etapp.

A beim Autosklau wier haaptsächlech de sougenannte "keyless" System vulnerabel, also déi Autoen, déi mat Sensore funktionéieren. Do kéint de Code vum Schlëssel kopéiert ginn, wann en am Aganksberäich vum Haus läit; e Rotschlo wier do, de Schlëssel net direkt bei der Hausdier leien ze hunn.

Nach weider Preventiounsmesure ginn et, zum Beispill den Auto, wa méiglech, an enger Garage parken amplaz baussen. A virun allem sollten d'Leit ëmmer sécher goen, dass den Auto och zougespaart ass, a keen einfach esou erakënnt, well dat géif och ëmmer erëm virkommen.