Tëscht Déifferdeng an der BiffA13 ass an tëscht dem 28. an 30. Juli nuets a béid Richtunge gespaart

RTL Lëtzebuerg
Nodeem d'A13 schonn de leschte Weekend fir den Trafic op dëser Plaz zou war, ass se elo och nach fir zwou weider Nuechten gespaart.
© RTL Grafik

Wéinst dem Bau vun enger Wëldbréck iwwer d'Collectrice war dës de leschte Weekend iwwer tëscht Déifferdeng an dem Rond-point Biff fir den Trafic gespaart. De Chantier gouf awer elo verlängert an doduerch wäert d'Streck och vun en Dënschdeg op e Mëttwoch a vun e Mëttwoch op en Donneschdeg béid Nuechten tëscht 21 Auer owes a 5 Auer moies fir den Trafic zou sinn.

Doduerch kënnt ee vum Rond-point Biff aus net méi op d'A13 a Richtung Esch. Vun Déifferdeng aus kënnt een och net méi a Richtung Péiteng a vu Suessem ass kann een zwar nach e Richtung Esch fueren, d'Opfaart fir op Péiteng bleift awer zou.

Vun der Biff aus leeft d'Deviatioun iwwer d'N31 duerch Nidderkuer an dann iwwert den CR175A an CR175 op Suessem, wou een nees zeréck op d'Autobunn ka fueren. Vun Déifferdeng aus geet et iwwer d'N32, den CR174 an d'N31, also duerch Déifferdeng an Nidderkuer bis an de Rond-point Biff. Vu Suessem aus fiert een iwwer den CR175 an CR175A iwwer Nidderkuer an de Rond-point Biff.

D'Schreiwes vu Ponts et Chausseés

Back to Top
CIM LOGO