Fir dës International Automobil-Ausstellung si sou vill Demonstratiounen ugekënnegt wéi nach ni. Fort mam Verbrennungsmotor ass eng vun den Haaptfuerderungen.
Wat elo de Salon ugeet, geet den Trend no elektresche Gefierer weider. Tatsaach ass awer och, datt d'Zuel vun Exposante weider zeréckgeet a grouss Marke guer net méi präsent sinn. Gréisstendeels sinn déi däitsch Marken nämlech ënnert sech.