
Den ADAC rechent nächste Weekend mat vill Stau op den däitschen Autobunnen. Besonnesch op den Haaptachsen aus dem Süden a Richtung Norde wier méi Trafick z'erwaarden, grad esou wéi vun de Küsten ewech an d'Land eran. D'Well vum Vakanzentrafick wäert am Laf vum Samschdeg- a Sonndegnomëtteg jeeweils hiren Héichpunkt erreechen.
Virun allem an Nordrhein-Westfalen, d'Bundesland mat de meeschten Awunner, wier mat ville Vacancieren ze rechnen. Mee och an den Nopeschlänner Polen, Belsch, Holland, Frankräich an Tschechien ginn d'Summervakanzen op en Enn. An de Bundeslänner Bayern a Baden-Württemberg ginn d'Vakanzen dogéint nach weider, genee wéi an Éisträich an hei zu Lëtzebuerg.
Wärend déi eng wëllen heem fueren, ginn et vun e Freidegnomëtten un awer och eng Partie aner Leit, déi bei guddem Wieder fir Ausflich oder fir de Weekend an d'Bierger, op d'Küsten oder bei Séie wéilte fueren, sou dass a béid Richtunge vu vill Verkéier auszegoen ass. Zousätzlech wäerten eng aktuell 1.000 Baustellen a Spären um Reseau vun den däitschen Autobunne fir weider Komplikatioune suergen.
Fir z'evitéieren, dass Vacancieren op Landstroossen auswäichen, ginn a munche Regioune verschidden Autobunnssortië gespaart. Dat gëllt virun allem fir déi vill befuere Strecken a Süddäitschland, zum Beispill an der Géigend vun den Alpen. Am Nopeschland Éisträich gëtt et déi Mesure scho méi laang. Ausserdeem warnt den ADAC och nach viru méi Camionen. Well d'Peegele vun de Flëss esou niddreg sinn, ginn et Ausname vun de Fuerverbueter iwwert de Weekend, fir wichteg Gidder op hir jeeweileg Destinatiounen ze bréngen.
D'Well vun de Vacancieren, déi wëllen heem fueren, wäert da wuel och den Trafick op de lëtzebuergeschen Autobunne beaflossen. Virun allem d'A3 a Richtung Stad an d'A6 an Direktioun Belsch wäerten dovu betraff sinn. Weider Informatioune stinn op den Internetsitte vum ADAC a vum lëtzebuergeschen ACL.