Klierfer ContournementAm Januar 2020 sollen d'Aarbechte weidergoen

RTL Lëtzebuerg
Am Februar 2016 haten d'Aarbechte fir de Bau vum neie Klierfer Contournement ugefaangen.
Klierfer Contournement
Am Februar 2016 haten d’Aarbechten fir de Bau vum neie Klierfer Contournement ugefaangen.

Dee soll Entlaaschtung bréngen, fir virun allem d’Schwéiertransporter aus der Abteistad erauszekréien. Allerdéngs ass an deene leschten 8 Méint näischt op der Plaz geschitt. De Grond: et goufe Problemer bei der Ausschreiwung.

D’Bréck, de Viaduc “Irbich” ass fäerdeg gebaut. 265 Meter laang ass se a steet op 6 Pilieren. Am Februar sollt d’Strooss gebaut ginn. Dorausser gouf also bis ewell näischt. Déi Klierfer Gemengeresponsabel sprangen dohier net vu Freed an d’Luucht.

D’Geriicht huet mëttlerweil tranchéiert an d’Aarbechte vum Contournement kënnen nom Congé collectif weidergoen. Dat heescht am Januar 2020 soll d’Strooss gebaut ginn.

4 Kilometer laang gëtt de Contournement. Vum Maarnecher Plateau bis an d’Abteistad. 10.000 Gefierer solle spéider vun dëser neier Strooss profitéieren an esou den Zentrum vu Klierf entlaaschten.

Nom Joreswiessel sollen d’Aarbechten also endlech nees an d’Gäng kommen. Zwee Joer wäert et daueren, fir d’Strooss ze bauen.

Back to Top
CIM LOGO