StäreplazAm Laf vum nächste Joer wäert eng nei Zort Radar a Betrib goen

RTL Lëtzebuerg
Op der Stäreplaz an der Stad soll dann nämlech den éischte Luuchte-Radar funktionéieren, dee kontrolléiert op ee bei Rout och stoen bleift, oder net.

Ass een trotz rouder Luucht gefuer, gëtt ee geblëtzt.

Dat huet d’Porte-Parole aus dem Mobilitéits-Ministère, d’Dany Frank, dem Lëtzebuerger Wort géintiwwer confirméiert. Et wier e Pilotprojet, deen Enn 2020 soll ulafen, an dono och op aneren geféierleche Kräizungen am Land kéint an den Asaz kommen.
Am Aktiounsplang iwwert d’Stroosse-Sécherheet, deen am Mee dëst Joer virgestallt gi war, war nach annoncéiert ginn, dass esou e Luuchte-Radar op d’Kräizung um Schlammestee, op der N3 tëscht Fréiseng an Alzeng sollt hikommen. Deemools war vum Horizont Ufank 2022 rieds gaangen.

PDF: De kompletten Aktiounsplang vum Mobilitéitsministère (Mee 2019)

Back to Top
CIM LOGO