Cloche d'Or a Ban de GasperichÄnnerungen am Stroosseverlaf hu fir Chaos am Trafic gesuergt

RTL Lëtzebuerg
Souwuel d'Gemeng wéi och Ponts et Chaussées reagéieren op de Chaos vum Méindeg. Luuchte gi geschalt an de Chantier geet méi séier virun, wéi geplangt.
Verkéierssituatioun op der Cloche d’Or
Vill Trafic um Méindeg an och nach um Dënschdeg, dat, nodeem op der Cloche d’Or an op der Kockelscheier Ännerungen am Stroosseverlaf koumen.

Stau fir moies op d’Aarbecht an owes zréck gehéiert jo praktesch zum Lëtzebuerger Alldag. Ween awer leschte Méindeg wärend de Stousszäite ronderëm d’Cloche d’Or ënnerwee war, huet missen extra Gedold matbréngen. Ursaach vum Chaos war, dass de Rond-Point Holz, deen d’Leidelenger Strooss mat der Escher verbënnt, zanter eben e Méindeg zou ass. Déi nei Afaart op d’Cloche d’Or verleeft iwwer de Boulevard de Kockelscheuer. D’Raphaëlle Dickes war sech d’Situatioun ukucken an erkläert, wéi de Verkéier geschwënn nees soll entlaascht ginn.

Dësen neien Tronçon vum Boulevard Kockelscheier mat senger neier Bréck féiert elo vu Richtung Süden op d’Cloche d’Or eran. Och en Dënschdeg de Moien nach war et stop and go, awer net vergläichbar mam éischten Dag. Wou d’Leit erfarungsbedéngt ëmmer Schwieregkeeten hätten, fir sech op eng nei Verkéierssituatioun anzestellen, erkläert de Patrick Goldschmidt, Schäffe fir d’Mobilitéit an der Stad.

Zousätzlech waren effektiv um Boulevard Kockelscheier d’Luuchten nach net a Betrib, dat huet dann dozou gefouert, dass mer e bësse längere Stau um Méindeg de Moien a Owend haten.

D’Luuchte fonctionnéieren awer elo. A vereenzelt Schaltunge kéinten am Laf vun der Woch eventuell nach ajustéiert ginn.

Et muss ee wëssen, dass dat zwee Haaptboulevarde sinn. Dat ass de Boulevard de Kockelscheier an de Boulevard Raiffeisen. De ganzen Ëmlaf wéini et rout a gréng gëtt, dat sinn 90 Sekonnen normalerweis. A wann een deem enge méi Sekonne gëtt an deem anere manner, dann huet dat een Impakt. Mä mir maachen do dës Woch mat Sécherheet Ajustementer an hoffen, dass mer dat da fluidifiéiert kréien.

Och Ponts et Chaussées wëllen op de Verkéierschaos reagéieren an d’Escher Strooss, grad esou wéi d’Bréck beim Rondpoint Holz, amplaz eréischt am Abrëll elo schonn an dräi Wochen nees opmaachen, sou de Robert Biel.

D’Leit hu jo gemengt, déi Bréck géif elo ofgerappt ginn. Déi Bréck bleift natierlech bestoen, ma de Rondpoint Holz gëtt ausser Betrib geholl, well deen och keng Funktioun méi huet.

Aus dem Rond-Point Holz gëtt deemno eng riicht Streck mat 4 Fuerbunnen, déi d’Kockelscheier direkt mat der Escher Strooss verbanne soll. Enn November scho soll eng Bunn an all Richtung opgoen, datt de Verkéier nees besser rullt.

Eng Verbesserung gouf et scho fir d’Automobilisten, déi um P&R Sud halen. Zanter Enn leschter Woch gëtt et endlech e gesécherte Foussgängerwee bis op d’Cloche d’Or.

Bis d’Fréijoer sollen all déi grouss Stroossen Aarbechten op der Cloche d’Or ofgeschloss sinn.

Back to Top
CIM LOGO