Dat geet aus engem Sondage vu Quest zum Thema Jonker an Autoen ervir. D’Maartfuerschungsfirma hat an deem Kontext 500 Jonker vu bis 30 Joer tëscht Mëtt Abrëll a Mëtt Mee ëm hir Meenung gefrot.
Aus dëser an aneren Äntwerte schléisst Quest, dass d’Astellung vu Jonken zum Auto nach net wesentlech geännert huet.
Vun engem richtege Paradigmewiessel, wéi d’Politik e sech alt mol virstellt, kéint allzäit keng Rieds sinn. Woubäi festgehale gëtt, dass jonk Fraen op déi eenzel Froe méi nuancéiert äntwere wéi jonk Männer. Si kucken nämlech méi no engem Auto, dee manner verbraucht a manner verknascht, hale manner vum Argument vu Fräiheet a si méi sensibel, wat den Impakt op d’Ëmwelt an de Klima ugeet, sou Quest.

Vun de Befrotene refuséiere just zwee Prozent, fir de Führerschäin ze maachen oder ze kréien; 68% hunn en dogéint, 15% sinn am gaangen en ze maachen, a weider 15% zéien a Betruecht, fir en ze maachen. Och géifen 98% e Betribsauto unhuelen, wa se een ugebuede kriten. Just zwee Prozent géifen där Offer net nokommen. A wa se da sou en Auto kriten, da géifen 29% vun de Befrotenen deen Décksten huelen, deen am meeschte verbraucht an am meeschte verknascht. 25% géifen iwwerdeems op deen zréckgräifen, deen am mannste verbraucht an am mannste verknascht.
Nieft der Flexibilitéit als Haaptavantage vum Auto (mat 96%) ginn dat Praktescht (zu 95%), d’Autonomie (zu 89%), d’Gefill vu Fräiheet (zu 72%) an de Virdeel bei der Sich no enger Schaff (zu 68%) als Avantagë vun engem Auto betruecht. Als Barrièrë fir en Auto ginn iwwerdeems vun 63% den Zougank zu Parkplaze gesinn, vun 49% den Impakt op d’Ëmwelt an d’Klima, vun 42% d’Käschten, déi mat engem Auto verbonne sinn, a vu 34% d’Aggressivitéit an d’Accidenter.
