Englesch Start-upAuto a Vëlo an engems: d'Gefier vun der Zukunft?

RTL Lëtzebuerg
Sécherheet ass ee wichtegen Aspekt am Verkéier. Een aneren, deen ëmmer méi an de Fokus réckelt, ass d’Nohaltegkeet.
Auto a Vëlo an engems: d'Gefier vun der Zukunft?
Eng englesch Start-up huet e Gefier entwéckelt, wat e bëssen eng Mëschung tëscht Auto a Vëlo ass an op Sécherheet an Nohaltegkeet setzt.

Do spillen elektresch Autoe bekanntlech eng grouss Roll. Ma fir all déi Leit, déi sech keen E-Auto leeschte kënnen oder wëllen, huet eng englesch Start-up eng potenziell Léisung entwéckelt: eng Mëschung tëscht Auto a Vëlo.

D’Form erënnert e bëssen un Autoe vu fréier. Eng Konstruktioun tëscht Vëlo an Auto, a ganz elektresch. Mat nëmme 25 Cent kéint een Honnerte Kilometer wäit fueren, behaapten d’Hiersteller, dräi Modeller hu se entwéckelt. Ee vun de Käpp hannert Northern Light Motors ass de Graham Browne. Hie kënnt aus der Automobil-Branche a war, wéi hie seet, genervt vun den ëmmer méi komplexe Gefierer. Ech mengen, dass e simpelt Gefier mat den Haaptkomponenten wéi Schutz virum Wieder, Sécherheet a Plaz fir e bësse Gepäck, de Wee no vir ass.

Den Design vu senge Konstruktiounen ass aerodynamesch. An d’Ausstattung, wann och einfach, bitt alles, wat de Chauffer brauch. Säin Zil wier et, en abordabelt elektrescht Gefier mat null Emissiounen z’entwéckelen, an eng Alternativ zum Auto oder Vëlo ze bidden. D’Präisser gi vu 4.700 Euro, fir déi einfach Versioun mat Pedallen, bis 7.000 Euro fir de voll-elektresche Modell. Ma de Graham Browne ass net deen Éischte mat där Iddi. Schonn an den 80er Joer hat de britteschen Erfinder Sir Clive Sinclair säin C5 presentéiert. Seng geplangte Revolutioun vum Persounentransport ass net agetrueden. Dofir wier de Marché elo réischt bereet, esou de Graham Browne.

Vill Leit hunn et an der Vergaangenheet scho versicht, ee vun de bekanntsten ass natierlech den C5. Mä dee war ongeféier en Drëttel sou grouss wéi dësen. Dat war viru 40 Joer, wéi et just schwaach Batterië gouf. D’Technologie huet sech zanterhier staark weider entwéckelt. Soit, wa mir 12.000 Gefierer verkaf kréien, wéi de Clive Sinclair deemools, da sinn ech scho ganz frou.

D’Produktioun soll dëse Summer starten. Déi éischt Modeller sinn dann Ufank nächst Joer disponibel.

Back to Top
CIM LOGO