
Wéinst den Aarbechten op der Kräizung tëscht der Rue de la Reconnaissance Nationale, der Route de Luxembourg, der Rue Jules Hemmer an der Rue des Ateliers ass eben d'N5 op dëser Plaz fir de kompletten Trafic an all d'Richtunge gespaart. Hei gëtt tëscht Péiteng a Käerjeng op enger Fläch vu ronn 200 Meter geschafft. D'Aarbechten dauere wéi gesot vum26. August um 7 Auer moies bis den 28. August um 20 Auer owes.
Op dëser Plaz gëtt aus Sécherheetsgrënn d'Kräizung jo nei gemaach an an Zukunft mat roude Luuchte gereegelt. D'Deviatioun leeft iwwer d'N5 an d'A13/N31 a jee no Richtung iwwer d'N5B oder d'N5C.