AutomobilindustrieBei Daimler solle weltwäit iwwer 10.000 Plaze gestrach ginn

RTL Lëtzebuerg
An den nächsten 3 Joer sollen op d'mannst 10.000 Aarbechtsplazen ofgebaut ginn, sou de Personalchef Wilfried Porth e Freideg.
© afp

Scho Mëtt November gouf vum Verwaltungsrot ugekënnegt, dass all 10. Management-Plaz gestrach an 1,4 Milliarden Euro Personalkäschte gespuert solle ginn. Méi Detailer goufen zu deem Zäitpunkt net genannt. Weltwäit sinn 304.000 Salariéeë bei Daimler agestallt.

Den Ament wier Automobilindustrie an der “gréisster Transformatioun an hirer Geschicht”. D’Entwécklung vun CO2-neutrale Gefierer géing “héich Investissementer” verlaangen.

Back to Top
CIM LOGO