
Dorënner eng sëlleche Luxus-Autoen vu Ferrari, Porsche a Bentley. Donieft wieren iwwer 30 Waffen, Dosende Luxus-Aueren an ongeféier 1,5 Milliounen Euro saiséiert ginn, heescht et vum zoustännege Parquet. Weider goufen net manner wéi 91 Roulotte sécher gestallt, vill vun hinne goufen a Frankräich an an Däitschland geklaut.
Optakt vun der Aktioun war de 7. Mee mat engem grousse Policeasaz mat 1.200 Beamten. Zanterhier goufen et iwwer 30 Mandat d’Arrêten.