
De 95er Bensinn gëtt 4,2 Cent méi deier a wäert domat vun Hallefnuecht un 1,726 Euro de Liter kaschten. Den 98er Bensinn gëtt och ëm 4,2 Cent méi deier a klëmmt domat op 1,894 Euro de Liter.
Och den Diesel gëtt e gudde Krack méi deier, nämlech ëm 6,1 Cent, woumat säi Präis vu Mëttwoch u bei 1,804 Euro de Liter läit. De Präis vum Masutt klëmmt ëm 6,3 Cent op elo 1,299 Euro de Liter.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.