Vun e Samschdeg unBensinn gëtt méi bëlleg, Präisser vun Diesel a Mazout klammen nees

RTL Lëtzebuerg
Nodeems de Präis vum Diesel réischt e Freideg erofgaangen ass, klëmmt dësen elo nees en Dag méi spéit.
© RTL Archiv

Vun e Samschdeg u wäert de Bensinn e wéineg méi bëlleg ginn. De 95er gëtt iwwer 5 Cent de Liter méi bëlleg a läit da bei 1,721 Euro de Liter. Den 98er gëtt bal 6 Cent méi bëlleg a kascht dann 1,827 Euro de Liter.

Diesel a Masutt ginn awer nees an d’Luucht. De Liter Diesel kascht elo nees 12,5 Cent méi a läit elo nees bei minimal iwwer 2 Euro. Beim Masutt ass et ee Plus vun 13 Cent de Liter, hei läit ee bäi 1,469 Euro de Liter.

© RTL

D’Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.

Back to Top
CIM LOGO