Et ass en Auto, deen ee scho laang op eise Stroosse gesäit. De Mazda CX-5 geet an déi drëtt Generatioun. Ob dat just eng Evolutioun ass oder e richtege Schrëtt no vir, weess den Akim Schmit aus eiser Automag-Ekipp.
Den CX-5 ass eng richteg Erfollegsgeschicht fir Mazda. Zanter der éischter Generatioun am Joer 2012 goufe weltwäit iwwer 5 Milliounen Exemplairen gebaut, dovu rulle ronn 850.000 Stéck eleng an Europa. Dat ass also net iergend e Modell, mee fir Mazda eng richteg Ikon – an déi bleift och an der drëtter Generatioun hirem Kodo-Design trei.

Optesch gesäit en also net komplett anescht aus?
Nee, et ass éischter eng Evolutioun. Den CX-5 bleift direkt erkennbar, och wann nei Design-Elementer aus dem sougenannte Kigumi-Stil agefloss sinn. Virun allem ass en awer gewuess: 11,5 Zentimeter méi laang ass e ginn – a

n dovu profitéiert virun allem déi zweet Rei. Praktesch ass och, dass d’Diere bal 90 Grad wäit opginn - Stéchwuert Kannersëtz - an dass de Remorquë vu bis zu 2 Tonnen zéie kanns.
A wéi gesäit et bannendran aus?
Mazda setzt weider op vill horizontal Linnen, déi d’Breet vum Auto betounen. D’Veraarbechtung ass gutt an d’Ergonomie ass eigentlech ganz gelongen. Mee et feelt u physesche Knäppercher. Souguer fir de Volume vum Radio muss de iwwert den Ecran era goen. An enger Zäit, wou aner Hiersteller nees zeréck op Knäppercher ginn, huet Mazda deen Trend e bëssen verschlof.

A wéi gesäit et mam Undriff aus?
Do mécht Mazda et sech relativ einfach: et gëtt just eng Motoriséierung, en 2,5 Liter Skyactiv-G Mildhybrid. Mat 141 Päerd an 248 Nm Dréimoment ass dat elo keng Leeschtungsmaschinn. Mee dat ass och net de Fokus. De Motor schafft roueg am Hannergrond an ass am Alldag angeneem onopfälleg. Ech muss zouginn: eréischt wann een d’Gaspedal bis op de Blech trëppelt, mécht en sech akustesch bemierkbar.

Also éischter en Auto fir den Alldag wéi fir d’Spaassfraktioun?
Richteg. A genee dobäi passt och d’Fuerwierk. Mazda huet hei nogebessert: méi mëll Fiederen, nei Ofstëmmung bei den Dämpfer – an dat mierkt een. E fiert sech komfortabel, onopgereegt an ouni béis Iwwerraschungen, och wann een e bëssen méi schëtzeg an d’Kéier geet.
Beim Verbrauch louch ech bei ronn 7 Liter op 100 Kilometer, mat Allrad geet dat bei mir ëm ronn ee Liter an d’Luucht, ouni dass een en anert Fuergefill doduerch huet.

Wat kascht de Spaass dann?
Den CX-5 huet alles, wat e Familljenauto brauch: vill Plaz, modern Sécherheetssystemer, e moderate Verbrauch an e verstännege Präis. Lass geet et bei ronn 27.000 Euro fir eng Versioun mat Frontundriff, an der héchster Equipementslinn a mat Allrad klëmmt de Präis bis op 36.200 Euro.

Vill Plaz
Héije Komfort
Staarken Infotainment
Keng Knäppercher
Leeschtung nëmmen “Ok”
Allrad net néideg