
Wéinst enger technescher Pann op der Streck hannert Thionville koum et en Donneschdeg de Moien zu Retarden an Annulatiounen op der Zuchlinn tëscht Lëtzebuerg a Metz. Vun en Donneschdeg de Moie 6.50 Auer u stoungen d’Zich an der Gare zu Metz an zu Thionville. Géint 7.20 Auer hat den TER NancyMetzLux (SNCF voyageurs) matgedeelt, datt den Trafic an déi zwou Richtungen tëscht Diddenuewen a Lëtzebuerg perturbéiert wier. Kuerz virdrun hate si en “techneschen Incident um Gleis zu Hettange” gemellt.
Duerch déi technesch Pann war et en Donneschdeg de Moien zu uerge Retarden op der Streck souwéi zu Annulatioune komm. Géint 8.30 Auer hat den TER NancyMetzLux matgedeelt, datt den Zuchtrafic nees ulafe géing. Et kéint awer nach zu Perturbatioune kommen.