Datt et e Problem gëtt, weisen dës zwee Beispiller relativ kloer. E-Trottinette falen ënnert d’Kategorie vun elektresche Mikro-Gefierer a ginn am Code de la route wéi Vëloe behandelt. Déi maximal 25 Kilometer an der Stonn sinn eng Reegel, déi a ganz Europa gëllt.
Op anere Kontinenter gesäit dat awer anescht aus. Dat féiert dozou, datt verschidde Modeller och hei am Ëmlaf sinn, déi net op déi selwecht Manéier begrenzt ginn.
“Et gëtt e kloren Ënnerscheed” erkläert den Denis Zago, deen E-Trottinetten zu Lëtzebuerg verkeeft. Europäesch Modeller wieren dacks mechanesch gedrosselt, wärend anerer Versioune mëttels Software limitéiert ginn, dës wiere méi einfach ze manipuléieren.
Genau dat geschitt och ëmmer méi dacks, vill Notzer hiewen d’Vitesslimitt op, mat deels geféierleche Konsequenzen.
Bei enger Policekontroll Enn Februar goufe 14 vu 15 Trottinette saiséiert, well si net de gesetzleche Virschrëften entsprach hunn. D’Gefierer waren technesch manipuléiert ginn.

Nieft der Vitess ginn et och kloer Reegele fir d’Equipement: Luuchte vir an hannen, eng Schell fir ze warnen an eng gutt Visibilitéit sinn obligatoresch. E Casque ass net virgeschriwwen, gëtt awer staark recommandéiert.
D’Sécurité Routière weist drop hin, datt E-Trottinetten esouguer méi geféierlech kënne si wéi Vëloen, besonnesch bei héijer Vitess.
Och am Verkéier selwer gëtt et ëmmer nees Problemer. E-Trottinetten dierfen, wéi Vëloen, op Vëlospisten oder op der Strooss fueren. Trotzdeem gesäit ee se ëmmer méi dacks um Trottoir. Do hu se awer näischt verluer. D’Trottoire wiere fir Foussgänger reservéiert, erënnert d’Direktesch vun der Sécurité Routière, Isabelle Medinger.