
Vum 15. September 2019 wäerten et am Busreseau RGTR eng jett Changementer ginn: d'Aféierung vun neie Buslinnen d'Adaptatioun vun den Horairen. Déi nei Linne wäerten haaptsächlech Schoulbusser sinn.
Dëst sinn déi 10 nei Linnen:
Linn 301
D'Linn 301, déi bis an d'Ausland fiert, frequentéiert méi dacks den Dag an och samschdes.
Linnen 150, 160, 162 an 163
Am Kader vum Tramschantier ginn d'Linnen 150, 160, 162 an 163 adaptéiert. Déi betraffe Linne fuere vum Arrêt "Rue Heine" fort a kommen och do un a frequentéieren den Arrêt "Roosevelt" nëmmen Richtung Stad.
Changementer vun den Nimm vu verschidden Arrêten zu Klierf, Pëtschent a Wëntger
An dëse Gemenge kréien eng Réi Arrêten nei Nimm. D'Awunner wäerte Flyeren ausgedeelt mat de geneeën Detailer vun de Changementer.