Vum 26. bis den 28. MeeCR102 tëscht Kielen a Mamer wéinst Stroossenaarbechte gespaart

RTL Lëtzebuerg
D'Ponts et chaussées mellen e Chantier vum 26. bis den 28. Mee tëscht Kielen a Mamer.
© Ponts et chaussées

Den CR102 tëscht Kielen a Mamer ass vun en Dënschdeg, den 26. Mee 7:30 Auer bis en Donneschdeg, den 28. Mee wéinst Aarbechte gespaart.

Et ginn Deviatiounen en place gesat, déi mat Schëlder gekennzeechent sinn.

Camione mat engem Gewiicht vun iwwer 3,5 Tonnen, déi aus der Zone d'Activités Économiques Kielen kommen, mussen d'Deviatioun iwwer Ollem a Mamer huelen.

De ganzen Detail vum Chantier fannt Dir um Site vu Ponts et chaussées.

Back to Top
CIM LOGO