
Wéi Ponts et Chaussées e Freideg de Moie matgedeelt hunn, ass de Chantier am Keeldall fréizäiteg fäerdeg ginn, an net eréischt den 29. Mee wéi Uganks geplangt. Zanter e Freideg de Moie 6 Auer ass d’Streck tëscht dem Cactus an der rue Neuve erëm fir den Trafic op.
Tëscht Téiteng a Käl ass den Ament bis viraussiichtlech Enn des Mount d’Haaptstrooss gespaart. Am Käldall waren d’Stroossen och schonn an de leschte Jore staark belaascht. Elo wou eng vun den Haaptachsen zou ass, ass de Chaos virprogramméiert.
De Problem deen am Käldall ass, léisst sech relativ einfach duerstellen. All Dag kommen 16.000 Gefierer zu Ëtteng iwwert d’Grenz, zu Rëmeleng, Käl an Téiteng liewen iwwer 15.000 Leit, wat e Plus vu 25 Prozent iwwert déi lescht Joren ass. D’Stroossennetz wier net ugepasst ginn, esou de Buergermeeschter vu Käl-Téiteng John Lorent. De Chantier, deen elo an der Haaptstrooss ass, kann een als Symptom dovunner gesinn.
Mir hu virun engem Joer festgestallt, datt de Belag virum Téitenger Kierfecht am Gaange wier, sech ze desintegréieren, mir woussten awer d’Ursaach net. Et schéngt esou ze sinn, datt d’Strooss net adaptéiert ass, fir dee ganzen Trafic, deen doriwwer geet. Ponts et Chaussées ass dann zum Entschloss komm, datt mëttelfristeg dee ganzen Tronçon tëscht Rëmeleng an der Collectrice muss komplett neigemaach ginn. Dëse Chantier ass awer just en Echantillon, esou de Gemengepapp.
All Chantier hätt mëttlerweil en Impakt op de Verkéiersfloss. D’Gemeng hätt viru Jore gepréift, fir e Contournement ze maachen. De Projet mat Tunnellen a Brécke wier awer politesch net drobar gewiescht.
Et gëtt jo gekuckt, fir méi op den ëffentlechen Transport ze setzen. Wann de Bus awer mam Privatverkéier am Stau steet, huet een do näischt geschafft. Dofir huet d’Gemeng Käl-Téiteng, zesumme mat Diddeleng a Rëmeleng, d’Initiativ geholl, fir d’Zuchlinnen nees ze beliewen. Do gëtt mëttlerweil och dru geschafft.
Kuerz a mëttelfristeg kéint sech d’Situatioun am Käldall net verbesseren. Déi nächst Woche gëtt de Verkéier iwwer de Rëmelenger Potto geleet, wou och aktuell geschafft gëtt an de Verkéier iwwert eng Spur leeft. Uewe kann ee lenks an d’Neiduerf oder riets zréck a Käl an de Rondpoint fueren. D’Leit aus Téiteng kënne parallel zur Haaptstrooss fuere a kommen dann och am iwwerlaaschte Rondpoint eraus. Dëse Rondpoint soll mëttelfristeg eng intelligent Luuchteschaltung kréien, fir de Verkéier méi flësseg ze maachen.
Fir d’DP-Sektioun Käl-Téiteng wier d’Zuchlinn tëscht Rëmeleng a Näerzeng déi eenzeg Alternativ. D’Zich missten am Véierel-Stonnentakt fueren an et missten och zousätzlech Arrêten am Käldall dobäi kommen.