Duerch den TramDäitlech manner Bussen an CO2-Emissiounen an der Stad

RTL Lëtzebuerg
D'Zuel vun de Bussen, déi duerch d'Stad fueren, konnt duerch d'Aféiere vum Tram ëm méi wéi een Drëttel reduzéiert ginn.

Domat géifen am Joer ronn 3.400 Tonnen un CO2-Emissiounen agespuert ginn. Dat geet aus der Äntwert vum Mobilitéitsminister François Bausch op eng parlamentaresch Ufro vum gréngen Deputéierte François Benoy ervir.

Wann d’Streck tëscht der Cloche d’Or an dem Findel bis fäerdeg ass, kéinte ronn 54.000 Tonne CO2 agespuert ginn. Dat ass ongeféier de Joresverbrauch vun enger Uertschaft mat 3.000 Awunner.

Gläichzäiteg gëtt d’Busflott weider moderniséiert.

2018 hunn 41% vun de Stater Bussen d’Euro VI-Norm erfëllt. Bei den RGTR-Bussen iwwer Land sinn et schonn zwee Drëttel, déi d’Euro-VI-Norm anhalen, esou de François Bausch.

Zesumme mat der Reduktioun vun de Bussen, déi duerch d’Stad fueren, hätten esou d’Stéckstoff-Wäerter an der Stad wesentlech kënne gedréckt ginn. Domat goufen dann och d’Maximalwäerter net iwwerschratt.

PDF: (Réf. 220923/rtl ) Réponse à la question N° 0736 (Question écrite) de Monsieur François Benoy, Député concernant Qualité de l'air suite à la construction du tram, par Monsieur François Bausch, Ministre de la Mobilité et des Travaux publics

Back to Top
CIM LOGO