
An der Belsch ass en Dënschdeg en neit Gesetz a Kraaft getrueden, dat déi nei penal Infraktioun "Verkéiersdoudschlag" aféiert. Dës Infraktioun gesäit méi streng Strofe fir Leit vir, déi duerch krass Feeler oder Récksiichtslosegkeet déidlech Accident provozéiert hunn. Dozou gehéiert ënnert anerem Fueren ënner Alkoholafloss oder wann een eng rout Luucht net respektéiert.
Duerch d'Ännerung gëtt konkret déi maximal Prisongsstrof vu fënnef op 10 Joer Prisong gehuewen. Mat dëser neier Infraktioun soll och eng Alternativ zum Terne "déidlechen Accident" geschafe ginn, en Terme dee vun Affer-Verbänn an Hannerbliwwenen als eng Verharmlosung empfonnt ka ginn.
An sech sollt déi nei Reegelung schonn zënter Abrëll a Kraaft getruede sinn. Vir d'Ëmsetzung awer besser ëmzesetzen, gouf dat Ganzt op den 1. September verluecht.