
De Stroossebelag op der A4, tëscht dem Zéissenger Kräiz an dem Rond-point Märel gëtt dëse Weekend nei gemaach, sou dass et eng Partie Spärungen op dëser Streck wäerte ginn. Dat deelen Ponts et chaussées en Dënschdeg an engem Communiqué mat.
De Chantier wäert e Freideg den Owend (18. September 2026) géint 20 Auer ugoen a wäert da bis e Méindeg (21. September 2026) 5 Auer moies daueren. D'Deviatiounen wäerten op de betreffende Plaze gezeechent sinn. Wéinst de Preparatioune vum Chantier, kéint et awer och schonn am spéide Moien zu Perturbatiounen a Verkéier op dëser Plaz kommen.
Et gëtt präziséiert, dass dës Aarbechten geziilt wärend dem Weekend gemaach ginn, fir sou mann wéi méiglech Perturbatiounen am Trafic wärend der Woch ze provozéieren.
- D'Autobunn A4 a Richtung Stad, dat tëscht dem Zéissenger Kräiz an dem Rond-point Merl
- D'Bretelle vun der A6 a Richtung Belsch op d'A4 a Richtung Stad (Deviatioun vum Zéissenger Kräiz un)
- D'Bretelle vun der A6 a Richtung Gaasperecher Kräiz op d'A4 a Richtung Stad (Deviatioun vum Zéissenger Kräiz un)
