Vun e Freideg bis e MéindegDeeler vun der N1 um Echangeur Sennengerbierg gespaart

RTL Lëtzebuerg
Vun e Freideg um 21 Auer un an dat bis e Méindeg um 5 wäert et um Echangeur Sennengerbierg zu Deviatioune kommen.

Duerch de Chantier ass et net méiglech, fir wann ee vun der A1 aus Richtung Gaasperecher Kräiz oder aus Richtung Tréier kënnt, fir hei d’Offaart Sennengerbierg ze huelen. Aus Richtung Gaasperech kënnt een net méi e Richtung Sennengerbierg, heivir muss ee Richtung Findel fueren an dann am Rondpoint zeréck op de Sennengerbierg.

Aus Richtung Tréier kënnt een net méi direkt op de “Findel”. Do leeft d’Deviatioun iwwert d’Jonctioun Gréngewald, d’A7, den Echangeur Waldhaff an dann zeréck iwwer d’A7 an d’A1 op de Findel.

PDF: D'Kaart am Detail

Back to Top
CIM LOGO