OuvertureDéi nei Bréck iwwert der A6 ass um Méindeg opgaangen

RTL Lëtzebuerg
Se verbënnt de Ban de Gaasperech mat der Kockelscheier.
© Domingos Oliveira/RTL

Déi 137 Meter laang Bréck leeft bidirektional, mat an der Mëtt, Plaz fir den Tram, deen a gutt 2 Joer do soll fueren.

Autofuerer, déi gewinnt sinn, iwwert d’Route d’Esch op d’Kockelscheier oder Leideleng ze fueren, mussen also vun elo un iwwert déi nei Bréck vum Ban de Gaasperech iwwert d’A6 a Richtung Leideleng a Kockelscheier fueren, well déi al Bréck elo zou ass.

Back to Top
CIM LOGO