An funktionéieren deet dat ganzt mat Hëllef vun enger App, déi ee sech um Smartphone installéiere kann.
De U-Jet, de Scooter vun der Zukunft an dee fiert zënter kuerzem hei op eise Stroossen. A produzéiert gëtt de U-Jet zu Lëtzebuerg.
Mir waren eis an d’Fabrick ukucken, wéi deen Electro-Scooter gebaut gëtt a goufen dunn och gewuer, wat dann eigentlech d’Geschäftsiddi derhannert ass.