Op der Avenue laanscht d’Corniche an der Uewerstad verschwannen d’Parkplaze, mä den Autosverkéier bleift wéi elo bestoen. Och d’Beem musse Plaz maachen, mä ginn duerch neier ersat. Dat alles gëtt gemaach, fir dem Kärprojet Plaz ze maachen, an zwar Bus- a Vëlosspuren a béid Richtungen.

Soubal den Tram bis op d’Gare fiert, sollen d’Stater Busser net méi iwwert déi nei Bréck, mä iwwert déi al Bréck – och Passerelle oder Viaduc genannt – tëscht Stad a Gare hin an hir fueren. D’RGTR-Busser, déi verschwannen iwwerdeems vum Roosevelt, och eréischt soubal den Tram Passagéier bis op d’Gare kann transportéieren. An Zukunft géingen zu Spëtzestonnen nach 40 städtesch Busser d’Stonn um Roosevelt fueren, sou d’Lydie Polfer.