Op der PompelDiesel a Masutt gi méi deier
No der massiver Präishausse vun den zwou Bensinnszorte vun e Mëttwoch, ass et an der Nuecht op en Donneschdeg um Diesel a Masutt. D'Präisser klammen hei awer manner drastesch wéi beim 98er a 95er d'Nuecht virdrun.
Verëffentlecht: 16.09.26 18:00, Update: 16.09.26 19:31
Den Diesel gëtt ëm 3,7 Cent méi deier a wäert domat 2,160 Euro de Liter kaschten. De Masutt klëmmt op 1,642 Euro, wat enger Deierecht vun 3,2 Cent entsprécht.
D'Pëtrolspräisser am Iwwerbléck.