Sot "Cheese"D'Police huet ee Speedmarathon organiséiert

RTL Lëtzebuerg
Uechter dat ganzt Land huet d'Police e Freideg verstäert d'Vitesse kontrolléiert. Ze héich Vitesse ass nach ëmmer d'Nummer 1 vun den Doudesursaachen.
D'Police huet ee Speedmarathon organiséiert.
Uechter dat ganzt Land huet d’Police e Freideg verstäert d’Vitesse kontrolléiert. Ze héich Vitesse ass nach ëmmer d’Nummer 1 vun den Doudesursaachen.

Uechtert d’ganzt Land ass dëse Freideg nach bis Mëtternuecht de sougenannte Speedmarathon, dat heescht d‘Police mécht verstäerkt Vitesskontrollen. Et géing awer net drëms goen, d‘Leit bei d‘Lisette ze loossen, erkläert den André Schaack, Commissaire en chef vum service national de circulation et de sécurité routière. Dofir hätt een am Virfeld souwuel iwwert d‘Medien, wéi och op den Autobunnspanneaue grouss ugekënnegt, dass haut méi kontrolléiert gëtt.

Trotzdeem hätt een de Moie schonn um Chantier op der Diddelenger Autobunn zwee Permise wéinst ze héijer Vitesse agezunn, an der Nuecht och nach véier wéinst Alkohol.

D‘Leit solle méi lues maachen, dat wier d‘Zil , well d‘Vitesse wier nach ëmmer d‘Nummer 1 vun den Doudesursaachen am Stroosseverkéier.

Frou ass een dowéinst iwwert déi nei Streckeradaren op der Nordstrooss, déi zanter engem decke Mount aktiv sinn. Ganzer 8.683 Gefierer sinn do well geblëtzt ginn.

Alles an allem goufen eleng dëst Joer 547 Führerschäiner op der Plaz agezunn, dovunner 57 wéinst ze héijer Vitesse. Iwwer 30 Leit wiere leie bliwwen, déi offiziell Statistik ass hei awer nach net presentéiert ginn. De Bilan vum Speedmarathon gëtt e Méinde gezunn.

Back to Top
CIM LOGO