Zanter Enn Abrëll 2021 funktionéiert den Diddelenger Rond-point op der N31 tëscht Beetebuerg an der Forge du Sud. Mëttlerweil goufen och Rout Luuchten am Kreesverkéier installéiert. Déi hunn elo déi éischt zwou Wochen zu Probleemer gefouert. Alles anescht ewéi gutt ass den Trafic duerch den zweetgréisste Rond-point aus dem Land gerullt. Bei der Diddelenger Gemeng huet et Reklamatiounen eragereent.
"Vun den Awunner an der Police kréie mir Réckmeldungen, dass zu de Spëtzenzäiten awer och doriwwer eraus et am Rond-point zu Réckstaue kënnt fir an Diddeleng eran oder eraus. Deelweis wären duerch dës Luuchten och nei Geforepunkten entstanen", esou den Dan Biancalana, Buergermeeschter vun Diddeleng.
"Et funktionéiert och nach net esou ewéi mir eis et virstellen"
Och déi Responsabel vu Ponts et chaussées si mat der aktueller Situatioun net zefridden. Et handelt sech heibäi ëm eng ganz komplex Luuchtenanlag.
"Mir hunn 42 Signalgeber, dat heescht mir hunn 42 Plazen, wou et op rout/giel/gréng sprengt. Dobäi kommen eng 58 Detekteren. Am Ufank goufen d'Luuchten duerch e Fixzäiteprogramm gesteiert. Zanter en Donneschdeg de Moie sinn elo all d'Elementer a Betrib a mir kucken, ob dat elo funktionéiert, ewéi et soll". Dëst erkläert de Roland Fox, Direkter vun der Stroossebauverwaltung.
"Vill Leit hunn hir Emotioune matgedeelt"
"Dacks sinn d'Leit opbruecht. A mir verstinn dat och. Mir bieden ëm e bëssi Gedold, well mir sinn am gaangen déi Anlag z'optimiséieren. Mir observéieren d'Fluxen".
Op der N31, dëst ass d'Strooss tëscht Beetebuerg an Diddeleng, gëtt et net wäit vum grousse Rond-point Diddeleng ewech en zweete Kreesverkéier. Dëse packt de ganze Stroossentrafic allerdéngs net méi a mécht dowéinst Suergen. "Dee Rond-point funktionéiert net gutt. Dee suergt fir Réckstau um Tronçon vum neie Rond-point beim Staatslabo."
Den Diddelenger Rond-point beim LNS, dem Staatslabo, ass en Deel vun engem ganze Puzzle. Eréischt wann d'A3, d'Diddelenger Autobunn, komplett op 2x3 Spueren ausgebaut wär, kéim den Notze vum Kreesverkéier an der Entrée vun der Forge du Sud zum Droen. Bis 2030 soll d'A3 komplett ausgebaut sinn.