Viaduc PolvermillenDuebelgleiseg op Sandweiler fir 462 Milliounen Euro

RTL Lëtzebuerg
Eng grouss Etapp an der Entwécklung vum Lëtzebuerger Eisebunnsnetz, déi en Dënschdeg offiziell ageweit gouf.
VIDEO: Viaduc Polvermillen
Vun elo un geet et offiziell mam Zuch, vum Nord-Kap vun der Stater Gare aus, duebelgleiseg Direktioun Osten.

Vun elo un geet et offiziell mam Zuch vum Nord-Kapp vun der Stater Gare aus duebelgleiseg an Direktioun Osten. Vun Enn vum Joer u soll de Passagéier dann och am Alldag vun deem Ausbau vun der Stréck Direktioun Treier profitéieren. Mat op d’mannst zwee Zich d’Stonn, sou de Marc Wengler, CFL Generaldirekter.

Wann den Zuch an der Sortie vun der Gare Lëtzebuerg bis deen éischten 100 Meter laangen Tunnel, ënnert dem Boulevard d’Avranches erduerch, hannert sech huet, da lount sech d’Vue op d’Kuliss vun der Stad. Op deem Ament ass den Zuch um neie Viaduc Polvermillen: 242 Meter, eng Struktur aus Metall, mat enger Dall aus Beton armé. D’Stréck féiert weider iwwer eng scho spektakulär Topographie.

10 Joer laang gouf an de Fiels eragebuddelt. Brécke goufe gebaut. D’Erklärung, firwat den Ausbau vu 6,6 Kilometer um Enn 462 Milliounen Euro kascht. Zwou Garen, déi vu Cents-Hamm a Sandweiler-Contern goufe moderniséiert. Och d‘Barrière um Cents ass verschwonnen. Nei Quaien erlaben dann och, fir méi laang Zich anzesetzen.

PDF: De Communiqué vun den CFL

Back to Top
CIM LOGO