CitroënEen elektresche C4 soll fir 2020 geplangt sinn

RTL Lëtzebuerg
Den Nofolger vum aktuellen C4 hätt och eng elektresch Variant. De Modell, dee fir 2020 geplangt ass, wier op enger speziell Plattform vu PSA baséiert.
© afp

No Peugeot mam e-208, DS mam DS 3 e-tense, wier Citroën déi drëtt Mark vun der PSA Grupp déi een 100% elektreschen Auto géif proposéieren.

Enger interner Source no, wier déi franséisch Mark am Gaangen, déi Erneierung vum C4-Modell ze benotzen, fir een éischten Elektroauto ze produzéieren. Den Auto ass fir 2020 erwaart a kritt och ee speziellen Numm.

Eng multi-Energien a modulär Plattform (CMP) vu PSA zerwéiert als Basis fir den nächsten C-Modell, deen, dem Representant vun der Grupp no, entweder am Bensin, Diesel oder 100% elektresch deklinéiert gëtt.

Dës Plattform ass keng Iwwerraschung, well se schonn aner elektresch Modeller vun der Grupp equipéiert, esou wéi och den Opel e-Corsa. Den elektreschen C4 misst ganz ähnlech wéi seng thermesch Schwëstere gebaut sinn. Méiglecherweis misst den Auto mat engem 100kW Motor an enger 50kWh Batterie equipéiert ginn.

D’Konkurrenz ass schonn op deem Segment gutt besat, mam Volkswagen ID.3 a mam Nissan Leaf déi allebéid wäerte virum elektreschen C4 erauskommen. Een Challenge fir d’Fransousen an der Welt vun der e-Mobilitéit.

Back to Top
CIM LOGO