
D’Bundesregierung léisst via eng Spriecherin wëssen, datt keen Tempolimitt geplangt ass, dat stéing net am Koalitiounsaccord an et géing och keen neien Ament ginn.
Zënter Woche streide sech d’SPD-Ëmweltministesch Schulze an den CSU-Transportminister Scheuer. Déi nei SPD-Spëtzt hat d’Fuerderung jo rezent relancéiert a mat der Sécherheet a mam Klima argumentéiert.
Am Oktober war am Bundestag mat grousser Majoritéit géint eng Vitesslimitt gestëmmt ginn.