
Ponts et chaussées deelen an deem Kontext mat, datt d'Bretelle vun der A13 vu Beeetebuerg aus op d'A4 a Richtung Stad gespaart gëtt. Och gespaart sinn d'Echangeure Féiz, Steebrécken a Leideleng-Nord a Richtung Stad.
Wie vun der Jonctioun Esch, respektiv dem Echangeur Féiz op d'A4 wëll, dee gëtt iwwer A13, A3 an A6 ëmgeleet. Automobilisten, déi op d'A4 vum Echangeur Steebrécken respektiv Leideleng-Nord aus wëllen, mussen iwwer den CR169, der N4 oder N4A a Richtung Gaasperecher Kräiz fueren.
D'Preparatiounsaarbechte fir d'Autobunn ze späre ginn e puer Stonne lass ier de Schantjen offiziell um 20 Auer ugeet, Ponts et chaussées erwaarde sech an deem Kontext, datt et e Freideg am spéiden Nomëtteg zu éischte Perturbatiounen am Trafic kënnt.
Weider Detailer zu de Fermeturë fannt Dir hei.