2024 goung lescht Ozon-Meldung erausEng Warnung, déi ëmmer méi seele ginn ass: Vitesslimitatioun wéinst Ozonwäerter

Diana Hoffmann
De Wäert vun 180 Mikrogramm Ozon pro Kubikmeter gouf hei am Land zanter Joren net méi depasséiert.
© RTL

Vitesslimitatioune vun 90 Stonnekilometer op der Autobunn wéinst Ozonalarm gouf et schonn eng Zäitchen net méi. An dat trotz extrem héijen Temperaturen iwwer Deeg. Och vu Wand kann déi meescht Zäit kaum riets sinn. Trotzdeem koum et elo schonn zanter zwee Joer net méi zu enger Meldung vun der Naturverwaltung, dass et héich Ozonwäerter ginn.

"De Wäert vun 180 Mikrogramm Ozon pro Kubikmeter gouf hei am Land zanter 2020 net méi iwwerschratt", erkläert d’Claire Heuschling, Ëmweltingenieurin vun der Ëmweltverwaltung. An awer gouf et 2024 nach eng Ozon-Warnung. Ze erklären ass dëst doduerch, dass bis 2024 de Wäert fir eng Meldung hei am Land nach bei 160 Mikrogramm Ozon pro Kubikmeter louch. 2024 huet een awer en europäesche Wäert ugeholl, wëll een der Europäesche Kommissioun eben ëmmer hätt misse Bescheed soen, wann de Wäert vun 180 depasséiert gouf, seet d’Claire Heuschling. Ma och de Wäert vun 160 wier dëst Joer och eréischt eemol iwwerschratt ginn an dat an der Nuecht vun Nationalfeierdag. Et hätt do wuel méi Trafic den Dag iwwer ginn, betount d'Ëmweltingenieurin. Et géing een dowéinst net dovun ausgoen, dass dëst mam Freedefeier ze dinn hätt.

Déi besser Wäerter generell erkläre sech dann doduerch, dass hei am Land manner Stéckoxiden an der Loft sinn. Den Ozon gëtt nämlech net direkt an d'Loft ausgestouss, mee entsteet duerch eng chemesch Reaktioun. Da wa Sonneliicht op verschidde Virleeferstoffer (Précurseurs) wéi Stéckoxiden trëfft. Dass de Wäert trotz ëmmer méi Verkéier hei am Land erofgeet, erstaunt dann op den éischte Bléck. “Dat läit eben och dorunner, dass manner Schadstoffer am Diesel a Bensinn sinn an och, dass hei am Land ëmmer méi Elektroautoe fueren”, betount d’Ëmweltingenieurin.

Dacks méi héich Ozonwäerter a ruralem Raum

Ozon heeft sech dann iwwer e puer Deeg. Da wann d’Sonn schéngt a keng Loft ass. Déi gréissten Expositioun huet een da gewéinlech awer net do, wou een et am meeschte kéint erwaarden. Et ass nämlech net am urbane Raum, do wou jo gewéinlech déi meescht Stéckoxiden entstinn. D’Erklärung: “Den Ozon gëtt och nees vun de Stéckoxiden ofgebaut. Do, wou also méi Autoe fueren, gëtt den Ozon och erëm ofgebaut”, erkläert d’Claire Heuschling dee Paradox. Sou kéint et ebe sinn, dass iwwer Land, a méi rurale Gebidder, den Ozon-Wäert méi héich klëmmt.

Aktuell geet eng éischt Ozon-Informatioun um Site an un d’Medien eraus, wann de Wäert iwwer 180 Mikrogramm Ozon pro Kubikmeter klëmmt. Dat heescht, dass sensibel Leit solle gewarnt sinn. Zu sensibele Leit gehéiere Mënsche mat Häerz-Kreeslaf-Problemer, Asthmatiker, schwanger Fraen oder Kanner. Wann dann zwou vun de fënnef Statiounen am Land en Depassement moossen, gëtt d'Vitess op den Autobunnen op 90 Stonnekilometer limitéiert. De Wäert fir eng Ozon-Warnung, deen d'Gesamtbevëlkerung concernéiert, läit bei 240 Mikrogramm Ozon pro Kubikmeter. Konsequenze fir d'Gesondheet kënne Kappwéi sinn oder d'Schläimhait kéinten ugegraff ginn. Bei héijen Ozonwäerter gëtt geroden, kee Sport ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO