Streik bei der SNCFËnner anerem och Linn Nanzeg-Lëtzebuerg betraff

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg gëtt bei der franséischer Bunn gestreikt. Wéi d'SNCF matdeelt, géifen an der Regioun Grand-Est nach just een op zwee Zich zirkuléieren.
© AFP

Tëscht Nanzeg a Lëtzebuerg fuere 7 op 10 Zich. Den TGV ass just an engem ganz klenge Mooss vum Streik betraff. Déi International Verbindungen sinn iwwerhaapt net concernéiert. Dat trëfft ënnert anerem op den Eurostar op den Thalys zou.

Bei der Streikaktioun geet et ëm déi ëmstridde Pensiounsreform vun der franséischer Regierung.

Weider Detailer ginn et um Internetsite vum 5minutes.

5minutes: Voici ce à quoi il faut s’attendre vers le Luxembourg

Back to Top
CIM LOGO