AutomobilindustrieEt kënnt zur Fusioun tëscht dem PSA-Grupp a Fiat-Chrysler

RTL Lëtzebuerg
No wochelaange Verhandlunge kënnt et elo tatsächlech zu der Mega-Fusioun tëscht dem franséische PSA-Group a Fiat-Chrsyler.

Dat hu béid Entreprisen um Mëttwoch matgedeelt. Elo muss nach déi zoustänneg EU-Autoritéit de “Go” ginn.

PSA a Fiat-Chrysler hate sech Enn Oktober scho prinzipiell op eng Fusioun gëeenegt. D’Fusioun soll bannent den nächsten 12 bis 15 Méint ofgeschloss sinn an et solle keng Standuerter zougemaach ginn.

Zesummen hu béid Konzerner iwwer 400'000 Employéen an erreechen en Ëmsaz vu bal 170 Milliarden Euro.
Den neie Grupp gëtt dann hannert VW, der Renault-Nissan-Allianz an Toyota, de 4.-gréissten Automobil-Produzent op der Welt.

Back to Top
CIM LOGO