
D'brittesch Verkéiersopsiicht ORR huet e Méindeg der Firma Virgin gréng Luucht ginn, fir d'Äermelkanal-Streck vun 2030 u kënnen ze notzen. D'Firma vum Entrepreneur Richard Branson wëll sengen Aussoen no frësche Wand an den Zuchverkéier duerch den Eurotunnel bréngen. "Dat ass e wichtege Schratt, fir d'Kompetitivitéit an de Wuesstem um Marché, fir international Eisebunnsverbindungen ze fërderen", sou de Martin Jones vun der ORR.
D'lescht Joer schonn hat Virgin den Accord vun der ORR kritt, de Bunnbetrib Temple Mills am Oste vu London ze notzen. Dës Plaz ass aktuell deen eenzege Standuert op der Héichgeschwindegkeetsstreck tëscht London an dem Äermelkanal, wou Zich gelagert a reparéiert kënne ginn. Ma ier Virgin d'Streck tatsächlech a Betrib huele kann, muss d'Firma allerdéngs nach Zich beschafen. An deem Kader géif et schonn en entspriechenden Accord mam Zuchkonstrukteur Alstom ginn. Donieft feelt et nach un der grénger Luucht fir aner Schinnereseaue souwéi Sécherheetsaccorde vu britteschen an EU-Autoritéiten.
Zanter der Ouverture vum Tunnel duerch den Äermelkanal 1994 huet Eurostar op der Streck e Monopol. Den Eurotunnel ass awer nëmmen zu ongeféier 50 Prozent ausgelaascht, bei fréiere potentielle Konkurrenten hat et un de Virschrëften an un der begrenzter Kapazitéit vun der Gare gehapert. Eurostar bedreift den Ament Zich vu London op Destinatioune wéi Paräis, Bréissel an Amsterdam.
D'lescht Joer hat d'Firma eng Rekordzuel vu 19,5 Millioune Passagéier transportéiert, wat och op d'Visiteure vun den Olympeschen a Paralympesche Spiller zu Paräis zeréckzeféieren ass. An enger Ëmfro hu vill Leit allerdéngs uginn, datt si, amplaz vum Eurostar, léiwer de Fliger geholl hunn, virun allem wéinst den Ticketspräisser, déi der vill als ze héich empfonnt hunn.