Schluss am September?Frankräich wëll elektresch Trottinetten um Trottoire verbidden

RTL Lëtzebuerg
Speziell zu Paräis sinn déi Trottinetten omnipresent, stinn iwwerall op den Trottoiren a fueren do ronderëm. Dat soll awer elo ophalen.
© AFP

Vu September u soll domadder Schluss sinn. Dann däerfen elektresch Trottinette just nach op der Strooss oder op Vëlospisten ënnerwee sinn. Am anere Fall gëtt et eng Strof vun 135 Euro. Den Ament sinn zu Paräis eng 15.000 där elektrescher Trottinetten ënnerwee, bis Enn des Joers sollen et der 40.000 sinn.

A ville Stied op der Welt gëtt et den Ament déi Gefierer, d’Kritik un hinnen ass awer och grouss, wéinst enger Rëtsch Accidenter, déi et scho gouf.

Back to Top
CIM LOGO