Streck Nanzeg-Metz-LëtzebuergFranséisch Zich musse bis Enn dës Joers nei ekipéiert ginn

Monica Camposeo
Pierre Jans
E Freideg de Moien hunn d'CFL an d'SCNF deen neie Sécherheetsdispositif ETCS virgestallt, fir d'Zich, déi tëscht Frankräich a Lëtzebuerg zirkuléieren.
Franséisch Zich musse bis Enn dës Joers nei ekipéiert ginn / Rep. Monica Camposeo (22.11.19)
E Freideg de Moien hunn d’CFL an d’SCNF deen neie Sécherheetsdispositif ETCS virgestallt, fir d’Zich, déi tëscht Frankräich a Lëtzebuerg zirkuléieren.

Déi Lëtzebuerger Zich si scho mat dësem europäesche System ekipéiert, ma déi franséisch Zich missten awer nogerëscht ginn. An dofir ginn et dann och eng Partie Ännerungen um Zuch-Reseau.
25 Zich stinn op der Streck Nanzeg-Metz-Lëtzebuerg zur Verfügung. Ouni den neie Sécherheetsdispositif dierfen d’Zich awer nëmme bis Enn des Joers zu Lëtzebuerg fueren. Fir déi franséisch Zich z’amenagéieren, fuere vum 15. Dezember un nëmmen 12 vun de 25 Zich. Dat bréngt mat sech, dass d’Passagéier zu Diddenuewe mussen ëmsteigen.

CFL SCNF Amenagementer

Marc Hoffmann, CFL:„An engem Deel vun den Zich, et ginn och eng Rei Zich, déi weiderhin duerchfueren. An op deenen Zich, wou se mussen ëmsteigen, ass et awer garantéiert, dass et quai à quai ass, dat heescht, d’Leit klammen aus dem Zuch eraus an direkt vis-à-vis an en aneren Zuch erëm eran. Mat enger Korrespondenz vu maximal 5 Minutten.”

Insgesamt kënnt et esou zum Beispill bei den 22 Zich moies a Richtung Lëtzebuerg zu 8 där Changementer zu Diddenuewen.

D’Amenagement vum Zuchreseau tëscht Frankräich a Lëtzebuerg kascht ronn 28 Milliounen Euro. De gréissten Deel vun dësem Investissement gëtt vun der Regioun Grand-Est gedroen, de Rescht vun der europäescher Kommissioun. Ma d’Demande wier op der Linn Nanzeg-Metz-Lëtzebuerg op jidder Fall do. Tëscht 12.000 a 16.000 Persoune maachen dësen Trajet all Dag.

Marc Hoffmann, CFL: „Mir hunn insgesamt e grousse Wuesstem op eiser Passagéierzuel, mä op deem hei Axe hate mer eng Verdueblung an 10 Joer an e plus vu 50% an de leschte 5 bis 6 Joer. Mir rechnen och domadder, dass dat esou weidergeet. Mir leien aktuell bei 4,5 Millioune Passagéier [pro Joer], dat heescht, wann dat esou wieder geet, wäerte mer bei 6 Millioune leien ongeféier a 4 bis 5 Joer.”

Esouwäit de Marc Hoffmann vun den CFL. Déi franséisch Zuchgesellschaft gëtt iwwerdeems un, dass déi 25 Zich op där Streck bis Juni alleguerten der Norm entsprieche géifen. Wat op der Streck Nanzeg-Lëtzebuerg déi nächst Méint alles changéiert, kënnt Dir um Site vun eise Kolleege vum RTL5Minutes noliesen.

Back to Top
CIM LOGO