
Wéi et vu Säite vu Chrysler heescht, wieren déi politesch Viraussetzunge fir eng Fusioun a Frankräich den Ament net ginn.
Do virdrun hat de Verwaltungsrot vu Renault eng Decisioun iwwert eng méiglech Fusioun op Demande vun der franséischer Regierung reportéiert.
Fiat Chrysler hat d’Offer u Renault Uganks lescht Woch offiziell gemaach. Duerch eng Fusioun wier den drëttgréissten Autosproduzent vun der Welt no Volkswagen an Toyota entstanen, mat all Joer knapp 9 Milliounen neien Autoen.