
Mat där Campagne wëll een d’Leit encouragéieren, dach w.e.g. dofir ze suergen, an der Wanterzäit besser opzefalen, wann een dobaussen ënnerwee ass. Sief et duerch méi hellt Gezei, oder besser nach, duerch Accessoiren, déi reflektéieren.
Och d’Automobiliste sinn duerch dës Campagne viséiert. Si sollen elo nach méi virsiichteg fueren, méi genee oppassen op eventuell Foussgänger, déi net gutt ze gesi sinn, an deementspriechend och hir Vitess upassen.
Et ass méi fréi däischter an der Wanterzäit, dobäi kommen den Niwwel an de Reen. Dëst mécht de Risk an en Accident verwéckelt ze ginn, vill méi grouss.
Dofir eben dësen Opruff vum Transportministère, der Sécurité Routière an der Police: “Gitt siichtbar / Sidd opmierksam”.
Foussgänger sollen hellt Gezei undoen oder ebe Géigestänn, déi reflektéieren. Och Rucksäck, Poschen oder Prabbelien solle mat sou Reflekteren equipéiert sinn. Wann een op Landstroossen ënnerwee ass, soll een op där Säit trëppelen, wou ee géint den Trafic geet an et muss een obligatoresch e Sécherheetsgilet mat Reflekteren unhunn. Wann ee mam Hond ënnerwee ass, soll deen en Halsband/Collier unhunn, dee reflektéiert.
Sportler sollen och reflektéierend Kleedung unhunn.
Wann ee mam Vëlo oder enger Trottinette ënnerwee ass, muss een d’Geliits unhunn, et musse Reflekteren um Gefier sinn an et soll een en Helm a reflektéierend Gezei unhunn.
Automobiliste sinn opgeruff, d’Luuchten vum Auto unzemaachen, wann d’Konditiounen et verlaangen. Mat Zäiten uweisen, wann een d’Bunn wëll wiesselen. D’Vitess soll ugepasst ginn an d’Fënstere sollen onbedéngt propper sinn. Automobiliste sollen och méi virausschauend fueren an op eventuell Feeler vun zum Beispill Foussgänger gefaasst sinn.