CFLGréisser Entretiens- a Maintenanceaarbechten iwwert de Summer ofgeschloss

Sandy Schmit
Déi eng sinn am Congé, anerer hu vun de rouege Summerméint profitéiert, fir gréisser Chantieren an Ugrëff ze huelen. sou zum Beispill bei den CFL.

Well et am Summer generell méi roueg ass souwuel op der Strooss wéi och an ëffentlechen Transport, hätt ee bei de CFL déi roueg Zäit genotzt, fir den Zuchreseau ze moderniséieren. Do wou et ubruecht war. goufen Ersatzbusser agesat.

Et hätt een an där Zäit net just 15 Kilometer op verschiddenen Linnen erneiert wéi zum Beispill zu Léiweng, tëscht Cinqfontaines an Ëlwen an tëscht Wecker a Mäertert, ma och d'Grenzbréck zu Waasserbëlleg. Am Ganze goufe 47 Garen an Arrêten an d'Rei gesat, et gouf op der Nordlinn op 300 Meter en Hang geséchert, sou dass keng Steng méi op d'Schinne falen. Da goufen nei Rolltrapen am Pôle d'échange Houwald installéiert, déi am Oktober aktiv sinn.

Da gëtt et vun elo un en neien, zousätzleche Souterrain zu Beetebuerg op der Gare. Zäitgläich gouf dee leschten Tronçon vun 250 Meter op der neier Zuchstreck tëscht Beetebuerg an der Stad finaliséiert ginn. Déi nei Zuchstreck soll wéi virgesinn am September 2027 prett sinn.

Schreiwes vun den CFL.

Back to Top
CIM LOGO