
Volkswagen rifft weltwäit e puer Milliounen Autoe vun de Marken VW, Audi, Seat a Škoda zeréck. Déi genee Zuel variéiert tëscht 2,8 a 4 Milliounen, jee no Source. De Grond ass e méigleche Korrosiounsproblem un enger Schrauf vun der Lenkung. Am schlëmmste Fall kann d'Schrauf briechen an d'Lenkung ausfalen. De Risiko klëmmt, wann den Auto vill mat Streesalz a Kontakt komm ass.
De Problem wier bei Qualitéitskontrollen entdeckt ginn. Bis ewell wiere keng Persounen doduerch blesséiert ginn. Volkswagen no besteet och keng akut Gefor, soudatt déi betraffen Autoen net direkt musse stoe gelooss ginn. D'Clientë kënnen nach bis bei hiren Händler fueren, wou d'Schrauwen duerch méi korrosiounsbestänneg Exemplairen ersat ginn. D'Reparatur soll ronn eng Stonn laang daueren.
E Spriecher vu VW huet matgedeelt, dass d'Besëtzer vu betraffene Gefierer via e Bréif informéiert ginn. Do géif dann och dra stoen, wat ze maachen ass a wien den Uspriechpartner ass. Preventiv kann ee sech awer och bei senger Garage mellen an do nofroen, ob den eegenen Auto och vum Réckruff betraff ass.
Betraff si leschten Informatioune vum Handelsblatt no weltwäit iwwer 2 Millioune Autoe vun der Mark VW, 1 Millioun vu Skoda, 700.000 vun Audi an 200.000 vu Seat.
Bei Volkswagen handelt et sech ëm d'Modeller Golf, Golf Variant, Tiguan, Touran a Caddy aus de Baujoren 2013 bis 2024.
Bei Audi si Q3-Modeller betraff, déi tëscht 2017 an 2024 gebaut goufen.
Bei Seat handelt et sech ëm d'Modeller Ateca an Tarraco, déi tëscht Abrëll 2016 a September 2024 produzéiert goufen.
Genee Informatiounen iwwer d'Modeller vu Škoda, déi betraff kéinte sinn, sinn zum Ament, wou dësen Artikel verëffentlecht gëtt, nach net bekannt.
De Réckruff kënnt zu engem schwieregen Zäitpunkt fir de Volkswagen-Grupp. Den däitschen Autosconstructeur steet ënner staarkem Konkurrenzdrock aus China a wëll bis 2030 insgesamt ronn 100.000 Aarbechtsplazen ofbauen.